D’Jugendgrupp Useldeng mat bei d’Groussbotz!

LUXEMBOURG –Meggie Wagener, Fir de Junior Grupp vun Useldéng

 

Mir sinn den 28.3 um 9:30 vum doheem fort gaang an geint 12.00 haate mir 6 Tuten voll dat war mega. Mir waaren zu 16 just eise Grupp!
Jiddereen haat eppes ze dinn a wou mer ferdeg waren krut jiddereen eng gutt Spaghetti bolognese an als dessert eng gutt lecker Glace. Jiddereen war frou a jiddereen huet mat geholef! Ech hunn dat richteg flott font!! Ech sinfrou, dass vill Leit matgemaach hunn. Dei meecht sinn duerch d’Bëscher gelaaf, mir hunn och net nëmmen Offall font, mir hunn och Käpp font vun Déieren, beurk!!!.

Mir hunn eis a 4 Gruppen opgedeelt fir alles opzerafen an mir waren 3 mol esou vill wéi d’lecht Joer! Mir hu vill Leit gesinn a kenne geléiert. Jiddereen haat een fir ze schwätzen. Et waren esou guer Leit, déi all eenzelt Stéck opgeraaf hunn; déi Leit hu mega vill Aarbecht geleecht !!! Et waren esou guer Hënn dobei, dei sinn dann och an engems schon treppelen gang.\n\nNächst Joer gi mir nach eemol mat, dat gett bestemmt nach eemol mega cool, meng Frëndinnen hunn och mega frou ausgesinn. Baal eis ganz Juniorgrupp war präsent a soguer d’Kanner vun der Kannerklass waren do! 3 Pappen waren och do fir z’hëllefen.

 

Komm ech zielen d’Leit emol op: Meggie, David, Samuel, Abigaïl, Veronica, Jessica, Fausto, Antonio, Guilherme, Luc, Janelle, Edvin, Meris, Jean-Francois, Sylvain an Debora. Dene Leit kann een ee grousse Merci ginn! Ech soen och selwer merci! Et war schued, dass e puer Jonker och krank waren an anneren eppes mat der Famill haat… Wat ech och nach gudd font hunn, ass dass d’Kanner vun de Pompjeeën och do waren, lescht Joer waren mir (de Juniorgrupp) ganz aleng! Mir sinn gut getreppelt (méi wei 5 km !) an ech hoffen nächst Joer get et grad esou cool, fir dass jiddereen sech erem zesummen treffen kann an eppes mescht fir d’Natuur. Nach eng keier Merci Villmols.